Wat mescht e Buegermeeschter?

Perl. De Buegermeeschter vu Schengen, Här Weber, war an der Schoul e gudde Schüler an hien huet de Beruff Wënzer geléiert. Awer et huet sech esou ergin, dass hien mat 49 Joer niewent séngem Beruff sou wéi säi Papp och Buegermeeschter gin ass

Perl. De Buegermeeschter vu Schengen, Här Weber, war an der Schoul e gudde Schüler an hien huet de Beruff Wënzer geléiert. Awer et huet sech esou ergin, dass hien mat 49 Joer niewent séngem Beruff sou wéi säi Papp och Buegermeeschter gin ass. Säi Beruff ass och mol stresseg mee et mecht awer nach emmer vill Spaass, well hien d'Meiglechkeeten huet ganz vill Ideen ëmzesetzen. D'Lena Braunshausen wollt wëssen, ob him schon eppes Peinleches geschitt ass. Hien huet eis ouni ze zécken gesot : "Jo mir ass schon eppes Peinleches geschitt, ech haat mäin Text vergiess." D'Nadine Samson huet sech fier den Daagesoflaaf an d'Aufgaben vun engem Buegermeeschter interesséiert. "En halwen Daag verbréngen ech am Büro, doniewent hun ech vill Rendez-vousen äusserhalb an ech fueren dachs op Empfäng. An dësem Zesummenhang wollt d'Laura Bastuck wëssen ob hien mat engem deieren Auto gefouert gëtt. "Jo, heiansdo gin ech gefouert mee meeschtens muss awer mein privaten Auto drun gleewen."A soss huet den Familljepapp net vill Zäit fir Privates. Awer seng Famill steet nach emmer ob der éischter Plaatz. Zum Schluss wollt den Williams Rothvoss-Buchheimer nach vom Buegermeeschter wëssen waat fir eng Besonnechkeeten d'Gemeng Schengen äuszeechent. Nom Här Weber sin et d'Remerschener Baggerweieren, d'Naturschutzgebitt Wëntréng a virun allem d'Bekanntheet vum "Schengener Ofkommen".Cathérine Kemmer

Meistgelesen
Neueste Artikel
Zum Thema
Aus dem Ressort